Steve Clement wrote:
Alain Knaff wrote:
Alain Knaff wrote:
> Op
http://www.tripartite.lu/ sammelt eis léif DP jo Iddien fir hei zu
> Lëtzebuerg ze spueren...
>
> Ech hunn do mol och mäi Pefferkär derbäi geluecht. (Manner Microsoft an
> de Verwaltungen, wat da soss...). Wann der wëllt kënnt der fir déi Iddi
> ofstëmmen (gréng Hand klicken), oder ähnlech Iddien derbäi posten.
Ech weess net op et Clever ass géint eng Speziell Firma ze goen.
Du hues Recht, 't ass net extra clever géint eng Firma ze goen. Mä
anerersäits ass et awer méi clever wéi guer näischt ze soen... an
Microsoft ass eben leider dee "bekanntesten" Offender, ee mat deem
d'Leit eppes kënnen ufänken. Wann ech einfach nëmme vu Lizenze geschwat
hätt, ouni d'Kand mam Numm ze nennen (pardon, _ee_ Kand mam Numm ze
nennen), da wier bal keng Sau nokomm, an de Commentaire hätt net déi
Resonanz gehat déi en elo hat.
Lizenzen sinn am allgemengen net Zukunftsorientéiert
(ausser wann ee
natierlech Partizipatiounen un enger Firma huet, vive de Kapitalismus)
100% d'accord.
An op et elo Microsoft ass oder Google oder Apple, Monopol Stellungen
sinn vill ze heefeg de Grond firwat ee Staat ausgenotzt gëtt.
genau!
An jo, wann ee mengt et wär net ausnotzen mä éischter Situatiounen wou
"insider deals" gedriwwen ginn:
http://www.wikileaks.org
Mä ech fannen esou Saachen soll een am RL beschwätzen.
So who volunteers on giving a talk on the next LiLux Meeting:
"Licensing and why Open Source makes sense!"
Jo, dat kéint ee maachen.
cheers,
Steve
Alain