-----BEGIN PGP SIGNED MESSAGE-----
Hash: SHA1
Alain Knaff wrote:
pierre fonck wrote:
> Et riskéiert en soss ze verallgemengeren an
déi ganz It Branche an
> Verruff ze bréngen.
> Och Deejéinegen den sech anstänneg behëlt, an der ginn et och.
Genau! Dat ass ee Problem deen een onbedéngt vermeide muss!
Elo hat ech e Samschden am Wort een Artikel gelies (ech erspueren elo
dem Auteur, hien ze nennen...), wou dra behaapt ginn ass: "Man sollte
wissen, dass jedes Gerät, das mit dem Internet verbunden ist, auch
anfällig für Viren und Trojaner ist".
Dann sinn ech frou dass ech nëmmen op der Foto war ;)
Och mäi Nokia E61i Handy? Och mäi Linux PC? Och meng Ethernet Webcam?
Oder mäin Hub?
Err, also vun engem Techneschen Standpunkt kloer: Jo
Esou ze verallgemengeren ass menger Meenung no schiedlech, well
d'Resultat dovunner riskéiert ze sinn datt den Normalbierger da seet "'t
kann ee jo souwisou näischt maachen, firwat soll ech mech dann deck
stressen iwwert Virusen an Trojaner, fréier oder spéider erwëscht et jo
souwisou jiddwereen".
Also gleef mer do ass et souwisou ze spéit well déi meeschte Leit haten
schon ee Virus. An déi meeschte Leit sinn sech guer net bewosst wat
machbar ass.
Dass d'Presse sech fir d'Thema iwwerhaapt interesséiert (an probéiert
Kompetenzen op ze bauen) ass och net Falsch. Mä wei ëmmer ass et ee
laangen, holperegen Wee zemools an den "neien" Technologien (waart wei
Aal ass d'Internet, pfff...)
Panik-mache ass schlecht, jo, mä an dësem präzisen gebiet ass et ganz
schwéier dat esou ze verpaken dass et net esou eriwwer kennt.
Well wann mer éierlech sinn, d'Anti-Virus Branche ass lachhaft. Esouvill
Méiglechkeete wei et ginn fir een Trojaner ze obfuskéieren dass den AV
en net méi detect ass Witzlos.
Heiansdo ass et scho wichteg mol d'Kand mam Numm ze nennen fir de Leit
d'Méiglechkeet ze ginn deene geféierlechste Produkter aus de Féiss ze goen.
Bon, beim zitéierte Saz kann et sech natierlech och ëm eng Deformatioun
oder Kierzung vu Säiten vun der Zeitung handelen, muss also net
onbedéngt dem Interview'ten Informatiker säi Feeler sinn.
Den Interview'ten Informatiker huet eng Opklärungsaarbecht gemeet an
engem Jugendhaus an huet kloer an däitlech gesot:
"Et muss een op all Gerät wou mer perséinlech Daten drop hunn oppassen
dass mer keng Sauerei ons afänken"
Mat beschte Gréiss,
Den Interview'ten Informatiker :)
- --
The Hackerspace in Luxembourg!
syn2cat Hackerspace.lu A.S.B.L.
11, rue du Cimetière | L-8018 Strassen
http://www.hackerspace.lu
xmpp:SteveClement@jabber.hackerspaces.org
mailto:steve@hackerspace.lu
.lu: +352 20 333 55 65
-----BEGIN PGP SIGNATURE-----
Version: GnuPG v1.4.9 (GNU/Linux)
Comment: Using GnuPG with Mozilla -
http://enigmail.mozdev.org
iEYEARECAAYFAkuVVWgACgkQPSE8bmHRmNX3kQCeI3LmX4ifzpNFSJtkoKLiFbtc
IioAn0xHqo5xLfxueFR2HT3ukXOB8VFL
=7D3s
-----END PGP SIGNATURE-----