Moien,
Ech hunn eng gutt Noochriicht an eng schlecht.
Déi gutt ass datt déi ëmstridden Directive haut an der pleinière
rejetéiert ginn ass. Déi muss elo nogebessert ginn, an iwwert déi
nogebessert Versioun gëtt dann am September ofgestëmmt. Yip yip Hurra!
Déi schlecht Nouvelle ass datt 4 vun eise 6 Lëtzebuerger
Europadeputéierten fir d'Directive gestëmmt hunn. Dat sinn déi 3 vun der
CSV an de Charel Goerens vun der DP.
Nëmmen d'Sozialisten an déi Gréng hunn am Intérêt vun den
Internetbenotzer géint déi ëmstridden Directive gestëmmt.
Dat ass mol eppes wat een sech fir den Oktober mierke soll.
Alain