Merci Alain,
Am ganze ganz gut ausser flaischt:
an och mat der Kontingenz "Succès" rechne muss.
--> rechne wëll
An du Kans och ennerschreiwen als: LiLux - Linux User Group Lëtzebuerg
An dann drenner Alain Knaff Secrétaire
Fals Zait geif Ech en och ennerschreiwen.
Merci
On 07/04/2018 10:02 AM, Alain Knaff wrote:
Salut all,
Ech hu mol wëlles folgenden Text nach spéitstens haut am fréien Nomëtten
un eis Europa Politiker ze schécken. Kënnt der w.e.g. driwwer kucken ob
alles an der Rei ass / kee wichtegt Argument vergiess ass? Et gëtt muer
ofgestëmmt, et muss also spéitstens haut eraus. Haaptviséiert sinn d'DP
an d'CSV. D'Sozialiste (d'Mady) an (hoffentlech...) och déi Gréng si jo
anscheinend elo schonn op eiser Säit.
Falls een Iddien huet fir Stéchwierder déi der CSV wichteg sinn, bréngt
se roueg w.e.g. :-)
Sorry fir den extrem kuerzen Delai fir ze iwwerliesen, ech hat et leider
ganz verpennt datt et och wichteg ass Bréiwer ze schreiwen, an net
nëmmen online Petitiounen ze ënnerschreiwen.
Merci,
Alain
Moien,
Ech kontaktéieren Iech wéinst deem wichtege Vote iwwert d'" Directive
for Copyright in the Digital Single Market Directive" dee muer an der
Plénière stattfanne soll.
Net nëmmen huet deen ëmstriddenen Artikel 13 een negativen Impakt op
d'Mënscherechter (wéi z.B. d'Meenungsfräiheet), well d'Provideren ginn
de facto forcéiert hir Useren ze zensuréieren. Si mussen nämlech mat
empfindleche Strofen rechnen wann se net streng genuch sinn, awer si hu
bal kee Risiko wann se ze vill streng sinn. Dat wäert dann dozou féieren
datt am Zweifelsfall eng Kéier méi zensuréiert gëtt wéi eng Kéier net
genuch.
Mä wat och grave ass, virun allem och fir d'digital Zukunft vun eisem
Land, dat ass datt déi ganz Zensur duerch Uploadfilteren mat Käschte vir
d'Providere verbonne ass. Déi Filtere mussen nämlech developpéiert ginn,
konfiguréiert ginn, an duerno regelméisseg ugepasst ginn, an dat alles
kascht Geld.
Och wann de Champ d'Application vum Artikel 13 nëmmen déi "grouss"
Providere sinn, ass et awer esou datt all Firma wuesse wëll, an och mat
der Kontingenz "Succès" rechne muss. Ee Provider kann net soen "ech
_wëll_ onbedéngt kleng bleiwen", well soss verschlechtert e seng Chance
am Ufank dat néidegt Startkapital vun de Venture Capitalists ze kréien.
D'Venture Capitalists spekuléiere jo op déi kleng (mä net Null!)
Probabilitéit datt déi nei Firma iergendwann eng Kéier dee ganz groussen
Duerchbroch mécht.
Op déi Manéier ass dann _all_ Firma vun der digitaler Economie betraff,
ausser elo déijéineg wou de Fondateur d'Chance huet selwer esou eng
grouss Mouk op der Säit ze hunn datt en net op Finanzement vun Drëtten
ugewisen ass. Dat dierften der awer éischter wéineg sinn.
Och den Artikel 11 ("Link Tax") ass problematesch, well deen e
fundamentalen Aspect vum World Wide Web penaliséiert, nämlech d'Linken.
D'Particularitéit vum Web ass jo, zanter senger Erfindung duerch den Tim
Berners Lee, datt déi eenzel Säiten net an engem Vakuum existéieren, mä
ënnereneen vernetzt sinn doduerch datt déi eng op déi aner verweist. Déi
Verweiser sinn esouzesoen ee fundamentalen Deel vun der Grammaire vum
Web, an se ze verbidden oder ze taxéieren ass 't selwecht wéi wann een
d'Verben an der normaler Sprooch géing taxéieren. Hei wëll déi al
Economie vun traditionell pabeierbaséierten Zeitungen déi nei digital
Economie taxéieren an domat d'Rad vun der Zäit unhalen.
Duerch esou eng Tax kënnen online Encyclopédien wéi z.B. d'Wikipedia
hier Aarbecht net méi maache, well se keng Quelle méi zitéiere kënnen.
Och gëtt esou eng Link Tax de Fake News ee risegen Opdriff. Wa _kee_ méi
Quellen zitéiert, kann een net méi erkennen op eng Säit keng Quell
zitéiert well keng crédibel Quell do ass, oder well dat ze deier géing
ginn...
An dann ass déi Tax natierlech een enorme Käschtepunkt fir Startuppen am
Social Media Beräich déi hire Useren wëllen erlaben Texter ze posten mat
Verweis op Contenu soss um Internet.
Wann der muer ofstëmmt, denkt w.e.g. drun datt et net nëmmen ëm
d'Mënscherechter geet, mä och ëm d'Zukunft vun der digitaler Economie!
Merci fir ären Interessi a Support,
Alain Knaff
Sekretär vum Linux User Group Lëtzebuerg (LiLux)
_______________________________________________
Lilux-info mailing list
Lilux-info(a)lilux.lu
https://www.lilux.lu/mailman/listinfo/lilux-info
--
Thierry Coutelier
Président LiLux asbl
Membre Dei Greng Contern
7, Rue des Pres
L-5316 Contern