Bonjour,
On Tue, Jan 25, 2005 at 04:33:01PM +0100, Paul Hetting wrote:
Elo meng Fro dozou:
Kennt dir mir weg soen, wei ech deen Scanner ennert Linux un d'goen
kritt ann wei bei der Installatioun genau virgoen sollt?
Ech sin net esou den Expert mat Scanner'en, mee beim SANE Project
wor der schons bei d'Referenz kucken.
Ech hun haut Geleenheet mat engem Expert ze schwetzen (den Till
Kamppeter as fir d'LinuxDays op Besuch), dann froen ech emol no
deem Modell.
Laut dem Till wieren iwregens di integreiert Apparater (Scanner/
Drecker/Kopeierer) vun HP an Epson mat di bescht ennerstetzten.
Ech wollt ennert Linux och eng Netzwerkskaart
installeieren fir
mech matt den Datennetzer e beschen mei ze beschäftechen!
Do as Linux doheem.
Do wollt ech froen, wei eng Netzwerkskaarten ennert
Linux laafen,
Praktesch alleguerten, soulaang ewei mer vun Kabel-Ethernet schwetzen -
bei WLAN as et mi kriddeleg.
wou ech och ordentlech domadder schaffen kann?
Schaffen kann een mat bal alles, d'Fro as eischter wat bereet as
sech unzedin - Realtek an 3Com hun net grad den beschten Ruff -
di eng weinst Murks an heiger Prozessor-Laascht, di aaner weinst...
aehm... freizuegeger Interpretatioun vun gewessen Standard'en -
laafen di se trotzdem. Ech hun elei Tulip, Tigon3, Broadcom 4400,
Intel an nach e puer aaner Saachen am Asaatz, klappt alles.
Wei gett dei installeiert ann konfigureiert, datt den
Linux
domadder eens gett?
Dat sollt praktesch all aktuell Distributioun bei der Installatioun
vollautomatesch maachen, fir eng nodreiglech Installatioun as et je
no Distributioun - bei SuSE via den Yast.
Eric