Salut all,
Onbedéngt kommen. Och Reclame rondrëm iech maachen!
Och wann d'Wahrscheinlechkeet datt ACTA an der aktueller Form duerchgeet
relativ kleng ass, ass dat nach laang keng Ursaach doheem ze bleiwen.
Mir mussen een Zeeche setzen, fir datt och an Zukunft déi Saach net
ëmmer rëm ënner liicht ofgewandelter Form op den Dësch kënnt.
Alain
-------- Original Message --------
Subject: Reminder: Samschden StopACTA-Demonstratioun
Date: Thu, 07 Jun 2012 09:30:11 +0200
From: Piratepartei Lëtzebuerg <ahoi(a)piratepartei.lu>
Reply-To: Piratepartei Lëtzebuerg <ahoi(a)piratepartei.lu>
To: Alain Knaff <alain(a)knaff.lu>
----
Piratepatei Newsletter
----
StopACTA-Demonstratioun den 9. Juni!
Ufank Juli wäert d’Europaparlament iwwer ACTA ofstëmmen. No dem Erfolleg
vun dem éischten europawäite Mobilisiéierungsdag géint ACTA den 11.
Februar 2012 wäerte mer den 9. Juni 2012 mat engem grousse Bündnis vun
weidere Parteien an Organisatioune rëm op d’Strooss goe fir géint ACTA
ze demonstréieren.
Treffpunkt fir den Protestmarsch ass um 14:00 Auer virun der Gare an der
Staat. Vun do aus wäerte mer bis op d’Place d’Armes trëppele wou
d’Ofschlosskundgebungen ofgehale ginn. All Persoun, di géint ACTA wëll
en Zeeche setzen ass wëllkomm! Weis Deng Kreativitéit géint ACTA a komm
mat engem Plakat oder Banner!
Stëmmt d’EU Parlament géint ACTA ass den Ofkommes ofgeleent! Dofir eng
leschte Kéier op d’Strooss mam Motto: Fräiheet statt ACTA!
E Mobiliséierungsvideo fannt der hei:
http://www.youtu.be/YFpwt4e3zI4
Facebook-Event:
https://www.facebook.com/events/200965316687668/
Lëtzebuergesch Organisatiounssäit:
http://stopacta.lu
--
Wanns De keng Newsletteren méi wëll kréien:
http://members.piraten.lu/index.php?q=civicrm/mailing/unsubscribe&reset…
--
Präsidiums-Verantwortlechen fir den Newsletter: France Oly
Bei Froen, Kritik oder Ideeë schreif eng E-Mail op
france.oly(a)piratepartei.lu
--
Dëse Mail gouf verscheckt vun:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl
1, Sonnestrooss
c/o Sven Clement
5683 Dalheim
Luxembourg
Wanns de guer keng Maile vun eis wells kréien:
http://members.piraten.lu/index.php?q=civicrm/mailing/optout&reset=1&am…