Moien alleguer,
Folgendes:
* Wat muss ech maachen fir Member an äerem LiLux-Club ze ginn?
Informéiert mech wegl (Memberskaart, Baitrag, Mutprouf, keng Ahnung,
asw...).
[Ech kennen den Alain Knaff, hien huet mir gehollef fir de Server zu
Elwen an
der Primärschoul mam LLL-system ze installéieren. Schreift roueg "Ecole
Primaire
Troisvierges" matt op äer LLL-Lescht!]
* Ganz ganz gäer geif ech un äerer:
"Assemblée Générale" 2004 Date: 20h00 on 26th Feburary 2004
Location: LGL - Luxembourg/Limpertsberg
deelhuelen, mee hunn deen Dag Gebuertsdag, esou dass dann eng Sortie
matt
der Frendinn geplangt ass (huet zoufälleg grad deeselwechte Gebuertsdag,
also
keng Chance fir ze entkommen!).
Ech wier frou wann der do keint erwähnen, dass ech well Member bei iech
ginn a
mech well dofir asetzen fir Linux an Opensource Software an de Schoulen
ze förderen.
Ech denken et ass e gudde Wee fir vun der monopolistescher MS Stellung
wegzekommen!
Et wäert allerdengs net esou einfach ginn (sinn am Moment amgaangen (cf
Alain!) decke Buttek matt
mengem Aarbechtskolleeg ze kreien, also ech verstinn dei Windows-User
net, dei dach souweisou
hieren Office och net kaaft hunn an awer wellen um illegale
festhaalen....).
Allez, dat war et mol,
haalt mech um Lafenden wann et Neies gett.
Thanks!
matt beschte Greiss,
Yves Schintgen
L-Basbellain
sevy(a)vo.lu (op des Adress aentwerten wegl!)
www.sevy.lu