Salut,
On Tue, Dec 21, 2004 at 02:26:49PM +0100, Ender Frank wrote:
Moien alleguer,
as do een dobaussen dee mer kennt hellefen en Windows System op Linux
emzebauen??
Do sollt LiLux kennen hellefen, jo :-)
-1Server WIN NT 4.0
-1 Workstation Win 2000
-1 Workstation Win XP
-2 Workstations Win NT 4.0
-2 Workstations Win 98
Merci fir aer Iddeen,
Ender Frank
Leider sin d'Ufuederungen extrem onkloer. Wat soll alles gemaach
gin op desen Maschinnen? Soll jhust den Server emgestallt gin
(wat fir Funktiounen sin hei neideg?), oder och d'Workstations?
Wat soll allenfalls alles op den Workstations gemaach gin (Office,
Graphik, Scannen, etc. etc.), wat fir Hardware as am Spill (dass
een wees op fir di verschidden Stecker och wierklech eng
Ennerstetzung besteet)? Sin ev. mi speziell Applikatiounen am
Asaatz di ev. net esou liicht ze ersetzen sin?
Besteet allenfalls am Haus schons Experienz mat Linux, mat enger
spezifescher Distributioun?
Wann een hei Aentferten haett wat des Punkten ugeet, keint een
secherlech relativ gudd Recommandatiounen maachen, wei een des
Migratioun keint iwert d'Buehn kreien.
En flotten Test fir d'Workstations wier, des emol mat enger
Knoppix CD ze booten - do geseich een relativ seier wou et ev.
keint klemmen.
Scheinen Dag,
Eric