Salut,
Zu1) Linux soll op alle Maschinnen laafen, ausser
dem Server (fir de
Moment)
De Server as NTFS formattéiert, dofir hun ech do
Problemer.Anscheinend kann Linux keng NTFS beschreiwen. Ausserdeem léeft
en RAID 5 drop, déen ech net well opginn.
Aehm... wann en geng reinstalleiert gin, wier et selbstverstaendlech
dass een geng en kompletten Backup vun den Donneen maachen, an
no der Reinstallatioun - natiirlech och nees mat RAID-5, awer mat
engem aaneren Filesystem - des Donneen geng zreckspillen.
Reng aus Virwetz, as dat en Software-RAID oder Hardware-RAID?
Wann ech korrekt tescht den Zeilen liesen, geet et elei an eischter
Linn em en Fileserver - via SAMBA (fir Linux- oder Windows-Client'en)
oder NFS (z.B. fir Linux-Clients) as dat absolut Standard a kee
Problem.
A propos Backup - as do schons eppes en Place? (tape, cd- oder
dvd Brenner, ...?). Et get op alle Fall och enner Linux anstaenneg
Backup-Programmer.
2) Op de Workstations leeft am Moment sou
zimmlech alles waat een
sech vun Windoof kann virestellen, d.h. Office, Paieprogramm, Compta
etc. + natierlech e Koup Utilities.
Graphik, Scannen an Dreamweaver mussen och nach goen.
Do hu mer schons meigelecherweis Problemer - Office kann ersaat gin
duerch OpenOffice, fir Bitmap-Graphik sollt GIMP et kennen maachen,
bei Vektorgraphik keint et schons mi witzeg gin. Amplaatz
Dreamweaver get et esou Saachen ewei Quanta Plus oder Bluefish.
Scannen leeft iwer SANE, d'Fro as do ob den Scanner supporteiert
as.
Paieprogramm an Compta dierften di reell Problemer gin - ob GnuCash
esou eppes kann iwerhuelen wees ech net, ob di Programmer do enner
WINE gengen laafen wier ze testen. Noutfalls geng nach VMWare
bleiwen, oder eng Windows-Maschinn spezifesch fir des Programmer.
Dann deen Koup Utilities... et get do quasi onendlech vill Saachen,
dat misst een sech am Detail ukucken.
Ech geng op alle Fall hei recommandeieren vlaicht mat engem PC
unzefaenken, an dann di Saachen emol duerchkucken an ausprobeieren,
awer op kee Fall direkt eng komplett Migratioun - do geet een sech
net onneideg Schwieregkeeten sichen.
Et haenkt natiirlech och mat vum Wellen vun den Benotzer of, sech
an eppes Neies eranzeschaffen, et as kloer dass hei net alles
d'Selwecht ausgeseit, grad am Ufank keint do mol mat Resistenz
ze rechnen sin.
3) Als Hardware hun ech:
-1 Dell Server 550 Meg WIN NT 4.0 service pack 6
Linux op Dell as definitiv kee Problem, um Buero hu mer daer eng
Partie. Och den RAID klappt do tipptopp (via di PERC/xyz Kontrolleren,
Software RAID wier och keen Problem).
-1Workstation Dell 1.2 Ghz Win
2000 Service Pack 2
Ok.
-1 Workstation Win XP Service
Pack 2 2.6Ghz
Ok.
-2 Workstations WIN NT 4.0
Service Pack 6
(2x550 Mhz, double processor)
Cool, dei sollten jo secher och genuch RAM hun - di SMP Faehegkeeten
suergen secherlech fir Leeschtung.
-De Rescht as Kreemi, quasi
Aldi Computeren,
déi enner WIN 98 laafen.
Do as d'Fro virun allem beim RAM - soulaang daers genuch dran as,
sollt di Saach ok sin (de Preference iwer 128, besser 256, wann
een well en kompletten Desktop-System mat OpenOffice benotzen).
De Problem gesinn ech an der Emsetzung vun eise
spezifesche
Programmer, wéi Compta, Paien etc.
Eben, dat as schons richteg erkannt.
Ech hun eng "soft" Experienz am Linux,
ech hun en op 2 vun mengen
Maschinnen doheem installéiert, plus als zwéet Boot-Option um Bureau.
Daerf ee froen wei eng Distributioun dat as? SuSE? Redhat resp. Fedora?
Debian? Soss eppes?
Wann schons Experienz do as, geng et secherlech Senn maachen fir
op daer selwechter Plattform weider ze maachen.
Fir en iwwer Knoppix ze booten, schéngt mer kee
Problem ze sin, bis
elo as et nach emmer gelaaf, bis op déi Problemer déi ech lo beschriwwen
hun.
Ok, dat as "rassurant" - ech hat do naemlech virun net allze
laanger Zeit nach en zimlechen Horrortrip wou ech sollt Kuer
haalen ;-) Knoppix wollt do nemmen mat vill Geschrauws - eng
fest Installatioun op daer Hardware wier net einfach gin.
Frouht Kreschtdag,
Eric