[Lilux-help] Re: Linux zu Lëtzebuerg

Serge Marelli serge.marelli at linux.lu
Tue Sep 28 16:45:19 CEST 2004


Moïen,

Mir kënnen hëchstwahrscheinlech hellefen :-)  ech géif ball "sëcher"
schreiwen, mé ët kann éen nie wëssen waat éen dann proposéiert.
Et ass allerdéngs éent vun eise But, déene Leit ze hellefen, déi wëllen
GNU/Linux ze gebrauchen.

Ech géif der rooden dech an eiser "Hëllef" Mailing Lëscht anzeschreiwen,
déi fënnst du ënner "http://www.linux.lu/mailman/listinfo/lilux-help"

Vill Gléck mam Linux :-)))

den Serge 



On Sun, 2004-09-26 at 18:13, Roland Kaber wrote:
> Léif linux.lu Responsabel
> 
> Main Numm ass Roland Kaber
> 
> Ech sin derbei eeschthaft driwer nozedenken fir vu Windows op Linux 
> emzeklammen, fille méch awer zimlech eleng. Kann är Organisatioun do 
> hellefen? Wa jo, wéi kann ech mech am beschten uléen fir Kontakt 
> opzehuelen. Ech denken àre Forum kéint hellefen, ech wär awer nach méi 
> interesséiert och emol eng lieweg Kontaktpersoun kennen ze treffen. 
> Themen wéi zum Beispill Linux op engen Notebook, di richtég Hardware 
> Konfiguratioun, zwee Betriebssystémer glaichzeitég op engem PC géif ech 
> gären verdéiwen. Wou kritt een zu Lëtzebuerg iwewrhapt a PC an Linux 
> ugebueden wär en aanert Thema.
> 
> Merci am Viraus
-- 


----------------------------------------------------------------------
  Serge Marelli, Luxembourg
  E-mail : serge.marelli at linux.lu
----------------------------------------------------------------------
 LiLux  -  http://www.lilux.lu/
 Defending Innovation against Patent Inflation  http://swpat.ffii.org/
 Free Software Foundation  -  http//www.fsf.org/






More information about the Lilux-help mailing list