[Lilux-help] Re: [Lilux-info] Member ginn bei LiLux?! Assemblée générale.

Eric Dondelinger aim at vis.ethz.ch
Wed Feb 11 11:48:50 CET 2004


Salut,

desen mail wier eigentlech besser bei lilux-help opgehuewen, dofier
aentferen ech emol op dei Lescht...

On Tue, 10 Feb 2004, Yves Schintgen wrote:

> Moien alleguer,
>
> Folgendes:
> * Wat muss ech maachen fir Member an äerem LiLux-Club ze ginn?
> Informéiert mech wegl (Memberskaart, Baitrag, Mutprouf, keng Ahnung,
> asw...).

Ah, di neideg Informatiounen sin nach net um neien Site, dat
misst nogeholl gin an zwar meigelechst rapid.
Den Beitrag as IIRC 15 EUR, ze iwerweisen op en Konnt wou ech
leider den IBAN Code net wees (Hint: ech hun fir dest Joer
och nach net bezuehlt). Et wier dann natiirlech och gudd,
wann eisen Sekretaer den Numm an soss Coordonneen weisst.
Dat wor dann och schons di ganz Muttprouf.

> [Ech kennen den Alain Knaff, hien huet mir gehollef fir de Server zu
> Elwen an
> der Primärschoul mam LLL-system ze installéieren. Schreift roueg "Ecole
> Primaire
> Troisvierges" matt op äer LLL-Lescht!]

Dat as dann um Alain sech ze ameseieren ;-)

> * Ganz ganz gäer geif ech un äerer:
> "Assemblée Générale" 2004 Date: 20h00 on 26th Feburary 2004
> Location: LGL - Luxembourg/Limpertsberg
> deelhuelen, mee hunn deen Dag Gebuertsdag, esou dass dann eng Sortie
> matt
> der Frendinn geplangt ass (huet zoufälleg grad deeselwechte Gebuertsdag,
> also
> keng Chance fir ze entkommen!).

Et muss een Prioriteiten setzen am Liewen (wann een eent huet) ;-)

> Ech wier frou wann der do keint erwähnen, dass ech well Member bei iech
> ginn a
> mech well dofir asetzen fir Linux an Opensource Software an de Schoulen
> ze förderen.
> Ech denken et ass e gudde Wee fir vun der monopolistescher MS Stellung
> wegzekommen!

Keen Widersproch vun hei ze erwaarden ;-) Schein dass nach Leit
sech fir esou Saachen kennen begeeschteren!

> Et wäert allerdengs net esou einfach ginn (sinn am Moment amgaangen (cf
> Alain!) decke Buttek matt
> mengem Aarbechtskolleeg ze kreien, also ech verstinn dei Windows-User
> net, dei dach souweisou
> hieren Office och net kaaft hunn an awer wellen um illegale
> festhaalen....).

Do heescht et, net zevill Drock maachen - den User'en hieren
Leidensdrock as grouss, an freier oder speider, wann een hinnen
nemmen seet dass eng Alternativ existeiert, kommen se schons vum
selwen froen fir sech dat unzekucken an ze probeieren.
Een Wonnermettel heivir as Knoppix - apropos, huet schons een di
nei aus der aktueller c't probeiert?

Wanns de par contre zevill Drock mes (iwerdriwen missioneiers),
dann verleiers de Goodwill, an di Saach geet schief.

> Allez, dat war et mol,
> haalt mech um Lafenden wann et Neies gett.

Wanns de op den Mailingleschten ageschriwen bas, misst dat quasi
vum Selwen goen.

> Thanks!
> matt beschte Greiss,
>
> Yves Schintgen
> L-Basbellain
> sevy at vo.lu (op des Adress aentwerten wegl!)
> www.sevy.lu

Scheinen Bonjour, a wellkomm am Club,

Eric





More information about the Lilux-help mailing list