LettreCommissionLux20041123

From LiluxWiki
Jump to: navigation, search

Madame Viviane Reding,

Merci daat Dier eisen Dossier studéiert hutt.

Während der Sëtzung vum Europäesche Ministerrot vum 18te Maï 2004 iwwert d'Patentéierbarkeet vun den "Erfindungen, déi op engem Computer lafen", war d'Ofstëmmung zugonschte vun engem Text ausgaangen dee praktesch all Amendementer vum Europäesche Parlament verwërft.

Lëtzebuerg, an och déi aaner Länner, sin ier gefouert ginn doduerch datt den Här Kommissäre Frits Bolkestein een Amendement dee vun der Däitscher Delegatioun proposéiert gi war esou changéiert huet datt e kéng Aussoekraaft méi behaalen huet. Waat nach derbäi kënnt ass datt e puer Länner, déi net mam Text averstane waren, wéi z.B. Polen, elo zwëschenzäitlech méi Stëmmen zegudd hu wéi deemools am Juni. Et wäer also wichteg wann dësen Text nët einfach als "A item" während der nächster Sëtzung vum Conseil géif duerchgoen.

Et wier wichteg wann d'Kommissioun sech géif asetze fier e méi domorakteschen Text wou e puer wichteg Amendementer vum Parlament géifen dra stoen.

Vill Länner wieren mat engem Text averstanen dee géing den däitschen Amendement enthaalen esou wéi en ursprénglech proposéiert gi war (also, ouni d'Verännerungen vun der Kommissioun), an och den Amendement 6a dee vu Lëtzebuerg proposéiert gi war. Den däitschen Amendement définéiert kloer wat "forces de la nature" sin (Erfindung patentéierbar), a wat net (Erfindung net patentéierbar). Eise lëtzebuerger Amendement beschützt d'Programmeuren déi Software entwécklen där hieren Zweck d'Interoperabilitéit ass.

Wier et Iech an deem Sënn méiglech fier eppes ze ënnerhuelen fier daat mir en besseren Patent System kréien deen d'Innovatioun am Gebiet vun der Software fördert.

Mat beschte Grëiss an Merci fier Är Ënnerstëtzung.

Personal tools